Haut ass den internationalen Holocaust Remembrance Dag. Zanter dem Ufank vun der Geschichtserzielung, si Judden ëmmer rëm Affer vu Verschwierungserzielungen a Gewalt ginn. Och d'Nazien hunn sou Verschwierungen, wéi d'Verschwierung vun den "Protokolle der Weisen von Zion", benotzt, fir d'Judden ze dehumaniséieren an den Holocaust beim eegene Vollek ze legitiméieren. Haut huele Strofdote mat antisemitteschem Hannergrond an de Juddenhaass an eiser westlecher Gesellschaft ëmmer méi zou. Dobäi gëtt d'Technik vun de Nazien, wéi een et bei sëllege QAnon Verschwierunge gesäit, einfach widderholl.
Dës Entwécklung ass immens beonrouegend. Dofir setze mir ons géint all Form vun Antisemitismus, souwuel vu Fréier, wéi och vun Haut, an.
Source: https://m.facebook.com/story.php?story_fbid=3794248103947624&id=197451906960613&__tn__=-R