déi gréng – D’Chamber huet haut d’Hëllefe fir d’Betriber… | Facebook

déi gréng, profile picture

D'Chamber huet haut d'Hëllefe fir d'Betriber verstäerkt an ëm weider dräi Méint verlängert. Entreprisen, déi wéinst der Pandemie hir Diere mussen zou loossen oder staark finanziell Aboussen hunn, kréien domat elo méi finanziell Ënnerstëtzung. 💪

An hirer Ried huet eis Deputéiert Stéphanie Empain betount, dass dës nei Hëllefe fir d'Betriber iwwerliewenswichteg sinn. Ma se sinn trotzdeem keen Ersatz fir eng Reprise. Dofir muss et eis Prioritéit sinn, de betraffene Secteuren e positiven Ausbléck op d'Zukunft ze ginn, dëst duerch eng acceleréiert Impfcampagne an duerch den Asaz vu Schnelltester, alle béid agebett an enger globaler Strategie. 🌻

Kan vara en bild av 1 person och text där det står ”" Nieft den neie finanziellen Hëllefe musse mir de betraffene Betriber och eng positiv Perspektiv fir d'Zukunft bidden. " stéphanie Empain”

Source: https://m.facebook.com/story.php?story_fbid=10159552977394874&id=21710789873&__tn__=-R

0

Publication author

offline 3 years

Daniella Rizonni

0
Comments: 0Publics: 298Registration: 10-04-2018