déi gréng – Haut huet d’Chamber den neien EU-Budget… | Facebook

déi gréng, profile picture

Haut huet d'Chamber den neien EU-Budget ugeholl. Domat huet Lëtzebuerg och den europäesche Relance-Pak vu 750 Milliarden Euro guttgeheescht, mat deem virun allem déi Länner, déi am meeschte vun der Corona-Kris getraff goufen, ënnert d'Äerm gegraff kréien. Fir eis Deputéiert Djuna Bernard ass dat e wichtegen Akt vu Solidaritéit tëschent den EU-Staaten. 🇪🇺🤝

Den neien EU-Budget setzt och wichteg Akzenter am Kampf géint d'Klimakris. Ënnert anerem soll e Mechanismus agefouert ginn, deen Ëmweltdumping verhënneren an domat déi europäesch Industrie stäerke soll. Déi genau Detailer ginn am Moment op EU-Niveau verhandelt. Als gréng wäerte mir ënnert anerem um Niveau vum Europaparlament weider Drock maachen, dass déi aktuell Proposen net verwässert ginn. Grad elo brauche mir couragéiert europäesch Léisungen am Kampf géint d'Klimakris! 🌻🌍

May be an image of 1 person, standing, outdoors and text that says '" Den neien EU- Budget ass e Schrett no vir am Kampf géint d'Klimakris a fir d'Solidaritéit an der EU. " Djuna Bernard'

Source: https://m.facebook.com/story.php?story_fbid=10159552641934874&id=21710789873&__tn__=-R

0

Publication author

offline 2 years

Joe Biltgen

0
Comments: 0Publics: 325Registration: 10-04-2018