Fir Ouschtersonndeg hu mir eis e flotte Menü ausgeduecht.
No e puer Amuse-Bouchen zerwéiere mir als Entrée e Cabillaud mat Spargelrisotto. Als Plat de grousse Klassiker "Prince Orloff" mat Meyer Ham a Berdorfer Kéis, gebrodene Gromperen a Fréijoersgeméis vum Sandrine. An als Dessert gëtt et e summerlechen Cheesecake mat Äerdbier a Pistasch.
Um vegane Menü steet: Als Entrée Nems aux Lentilles op enger Zalot mat Mango an Avocado, als Plat eng Paprika façon Paella mat Riz Safrané a Ratatouille an als Dessert en "Cheese"cake à la Fraise.
Mir proposéieren dëse Menü als Take-Away (menu à réchauffer) a souguer eventuell sur place am Restaurant.
Bestellt ab elo ären Take-Away Menü:
Tél: 760046 / www.koeppchen.lu/shop/menupaques
Well mir aktuell weder Gewëssheet iwwer den Datum vun der Reouverture hunn nach iwwer Restriktiounen an d'Persounenlimitatiounen musse mir nach bësse waarden fir kënnen Reservatiounen fir de Restaurant unzehuelen.





Source: https://m.facebook.com/story.php?story_fbid=3784042251703103&id=576879965752697&__tn__=-R