De Laurent Mosar war de Moien Invité vun der Redaktioun um RTL Lëtzebuerg an huet iwwert d'Sécherheetssituatioun ronderëm d'Stad Lëtzebuerg geschwat.
Den CSV-Deputéierten a Stater Schäffen huet erkläert, datt et gutt bäi de Leit ukomm ass datt elo Sécherheetsfirmen op der Gare patrulléieren. Dofir huet de Stater Schäfferot elo decidéiert, dës vum 15. Mee un och zu Bouneweg anzesëtzen.
Hien fuerdert zousäzlech vun der Regierung, datt si eng permanent Police-Presenz an de kriddelege Quartieren garantéieren missten.
De ganzen Interview vum Laurent Mosar kënnt dir op rtl.lu nolauschteren.
Source: https://m.facebook.com/story.php?story_fbid=10159079403384776&id=56016549775&__tn__=-R