déi gréng – Déi 4 sektoriell Pläng an de Beräicher… | Facebook

déi gréng, profile picture

Déi 4 sektoriell Pläng an de Beräicher Logement, Aktivitéitszonen, Transport a Grénglandschaften trieden endlech a Kraaft! Domadder maache mer e grousse Schratt fir d’Allgemengwuel a fir d’Liewensqualitéit vun de Biergerinnen a Bierger.

Mat dëse Pläng ginn Terraine reservéiert fir Wunnraum a spezifesch och abordabele Wunnraum. Et ginn och Terrainen designéiert wou handwierklech, Kleng- a Mëttelbetriber sech kennen etabléieren, wou d’Natur sech kann ongestéiert weiderentwéckelen, a wou Transportinfrastrukture entstoe sollen.

Zu Lëtzebuerg ass de Buedem eng ganz limitéiert Ressource, a genau dofir ass et wichteg, dass d’Entwécklung am Aklang mat der Natur stattfënnt an op Plaze wou et sënnvoll ass. 🌻

Kan een afbeelding zijn van 4 mensen, kind en de tekst 'MÉI LIEWENSQUALITÉIT MAT ENGER NOHALTEGER LANDESPLANUNG'

Source: https://m.facebook.com/story.php?story_fbid=10159497127739874&id=21710789873&__tn__=-R

0

Publication author

offline 2 years

Jos Schmitz

-1
Comments: 0Publics: 310Registration: 10-04-2018