Wousst dir schonn, dass dir iwwert ären S-Net kënnt mat ärem Conseiller kommunizéieren, andeems dir him eng securiséiert Noriicht schéckt? Esou kënnt dir Rendezvousen ufroen, är Froe stellen, Boergeld a Produite bestellen an aner Instruktioune ginn, ouni dofir extra an d'Agence mussen ze goen!
Gitt dofir einfach op "Mailbox" an ärem S-Net, a klickt dann op d'Ikon uewen, fir eng nei Noriicht unzefänken. Hei kënnt dir dann d'Kategorie auswielen, den Objet a Message antippen, an esouguer PDFen a JPGs unhänken. #wousstdirschonn
Source: https://m.facebook.com/story.php?story_fbid=3696677117054199&id=377182032337074&__tn__=-R