Ëmmer méi Betriber riskéiere Liquiditéitsproblemer ze kréien, wëll se hire Betrib an der Kris mussen zou loossen. Dofir huet de Marc Spautz am Numm vun der CSV an enger Motioun gefrot, dass de chômage partiel erëm soll am Viraus bezuelt ginn. D'Majoritéitsparteien DP - Demokratesch Partei LSAP an déi gréng hunn dës Motioun mat 31 géint 29 Stëmme verworf. D'Betriber mussen also weiderhin an dëser schwiereger Zäit de chômage partiel virstrecken.
Source: https://m.facebook.com/story.php?story_fbid=10159001417584776&id=56016549775&__tn__=-R