Persounen, déi opgrond vun engem… – Piraten Lëtzebuerg | Facebook

Piraten Lëtzebuerg, profile picture

Persounen, déi opgrond vun engem Handicap oder enger Krankheet net mat engem eegenen Auto fueren an och net vum ëffentlechen Transport profitéiere kënnen, hunn am Alldag d’Méiglechkeet den Adapto ze huelen. Dëse Service féiert d’Leit awer net an de Large Scale Test!

Deemno hunn déi betraffe Persounen och keng Méiglechkeet dorun Deel ze huelen. Mee wisou iwwerhaapt bitt den Adapto dëse Service net un? A wéi eng Alternativ kann d'Regierung ubidden?

PIRATEN.LU

Large Scale Testing fir Leit mat Behënnerungen

D'Regierung wëll esou vill vun eise Biergerinnen a Bierger wéi méiglech en Zougang zum Large Scale Testing ubidden a schéckt dofir a reegelméissegen Ofstänn Invitatioune fir Covid-19-Tester eraus.  Persounen, déi opgrond vun engem Handicap oder eng Krankheet net mat engem eegenen Auto fueren...

Source: https://m.facebook.com/story.php?story_fbid=10158916974900561&id=183148710560&__tn__=-R

0

Publication author

offline 3 years

Tessy Hansen

0
Comments: 0Publics: 309Registration: 10-04-2018