Den Abrigado bei der Stater Gare muss onbedéngt entlaascht ginn. Et musse méi Strukturen, souwuel an anere Gemenge wéi och an der Stad, geschaaft ginn. Ausserdeem feelt et u Wunnraum fir Drogenofhängeger vun der Strooss ze kréien. Mer brauchen an der Drogepolitik eng breet Offer déi der Realitéit um Terrain entsprécht. An deem Sënn huet de François Benoy der Gesondheetsministesch haut an der Chamber eng Fro zu deem Theema gestallt.
Source: https://m.facebook.com/story.php?story_fbid=10159414069274874&id=21710789873&__tn__=-R





