Von Krankheiten, Todespfeilen und gute… – Notre-Dame de Girsterklaus | Facebook

Notre-Dame de Girsterklaus, profile picture

Von Krankheiten, Todespfeilen und gute Nachrichten zum Umkehren. Sonntagsgedanken unseres Pastors Luc Schreiner - auch zur Gonderinger und Echternacher Sebastianskirmes...

D’Pandemie léisst ons vill Froe stellen.
Mir gesi wéi Medeziner a Wëssenschaftler op der Sich sinn, fuerschen a schaffen,
ma vill Froe bleiwen a neier tauchen op.
Grad Leit, déi net esou an de Wëssenschaftswelt doheem sinn
oder keen akademescht Studium hannert sech hunn, erliewen ech doduerch veronsëchert.
Firwat gëschter esou an haut aanescht a muer neess eppes Neies?
Eng Fro, déi ech bei muncherengem eraushéieren:
Wou ass Gott?
Wou ass Gott an all deem Schlammassel, dee mir zur Zäit erliewen?

Vergiesse mir net, wat mir déi ganz Chrëschtzäit gefeiert hunn:
Am Jesus ass Gott Mënsch ginn.
Am Jesus ass Gott an all dat erakomm, wat ons Mënscheliewen ausmëcht
a grad och an all dat, wou Mënschen et schwéier hunn.
D’Gebuert an Aarmut, d’Flucht als Kand no Ägypten,
d’Net-verstaane-ginn,
d’Konfrontatioun mat Jalousie a Béisem,
bis schliesslech de Verrod, d’sënnlost Leiden an den Doud.
Well en all dat op sech geholl huet, weist ons de Jesus:
Gott léisst ons net elleng.

Nom Jesus senger Daf am Jordan, déi mir virun zwou Woche gefeiert hunn,
kommen am Markusevangelium 2 Versen iwwert säin Openthalt an der Wüüst
an dann den Text vun haut:
De Jesus, dee säin öffentlecht Liewen ufänkt a seng éischt Jünger rifft.
Seng Grondbotschaft:
„Die Zeit ist erfüllt,
das Reich Gottes ist nahe.
Kehrt um, und glaubt an das Evangelium!“ (Mk 1, 15)

An deene komeschen Zäiten, déi mir elo hunn,
ass et, menger Meenung no, wichteg net ze vergiessen:
Gott ass ons no.
Ma fir Gott ze fannen heescht et ëmdenken
an un d’Evangelium ze gleewen.
Emdenken, emkéieren - ass dat net och eppes,
wat des Pandemie vun der Mënschheet fuerdert?
Vläicht ka jo des Panedemie en Impuls ginn,
datt sech d’Mënschheet um Bido rappt
a munch Mëssstänn en Enn mecht.
Ons Liesung erzielt, wéi d’Leit op de Jona gelauschtert hunn, ëmgeduecht an ëmgekéiert sinn,
wéi doduerch d’Katastroph évitéiert ginn ass.
Erkenne mir d’Zeeche vun der Zäit.
Emkéier ass néideg.
Kommt, gi mir dem Jesus no.
Da si mir um gudde Wee.

Wa mir dem Jesus säi Wee matginn a seng Botschaft eescht huelen,
da kënne mir ons och an dëse lausegen Zäite gebuerge wëssen.
Schéngt den Härgott net dack wäitfort,
well ons Gesellschaft immens wäit fort vu Gott sinn?
Wéi dack denkt ons Gesellschaft
si wier wéi Gott a kéint alles wéi Gott maachen?
Allerdings, elo erliewe mir jo wéi zur Zäit e klinzegklengen onsichtbare Virus
der Mënschheet kloer hier Grenze weist.
Als Chrëschte kënne mir d’Erausfuerderunge vun der Coronapandemie am Glawen ugoen:
Den Härgott ass ons no.

E Virbild dofir kann ons den hellege Sebastian sinn.
Säi Fest wor de leschte Mettwoch.
An onser Por gett hie besonnesch zu Iechternach an zu Gonneréng geéiert.
Eng Reliquie vun him aus dem Bestand vun der Giischterklaus hu mir haut hei an onser Mëtt.
En Hellegen, deen ons grad elo an dëse Coronazäiten villes soe kann.
Gott ass ons no.
Esou guer am Leiden.
Dat wor seng Erfahrung.
Dir wësst,
all Awunner vum Réimerräich haten den den Caesar, de Kaiser als Gott ze veréieren.
Ma d’Chrëschten hunn dat net matgemaach.
Respekt, d’Gesetzer halen, Steiere bezuelen… alles kee Problem.
Ma Gottesdingscht fir de Kaiser… op kee Fall!
Dir kënnt iech denken, dat wollt de Kaiser eewer.
Dowéinter hunn d’Chrëschten als Staatsfeinde gegollt a goufe verfollegt.
Obschons hien en Offizéier vun der Prätorianergarde, dem Kaiser senge nosten Truppe wor,
gouf och de Sebastian als Chrëscht vum Kaiser Diokletian zum Doud verturteelt.
Vu Bouschütze sollt hie mat Feiler erschoss ginn.
Allerdings, Gott wor him wuel ganz no:
d’Zaldoten hate gemengt, si hätten hien erschoss, hie wier doud
an hie leie gelooss.
Eewer hien hat iwwerliewt.
Eng chrëschtech Fra, d’Irene, hat hien opgeraf, mat heem geholl an gesond gepflegt.
Operstehung virum Doud.
Leider hat de Kaiser dunn aaner Mëttele fonnt
dem Sebastian säin Doudesurteel ze vollstrecken,
ma d’Feiler vun den Doudesschützen konnten dem Sebastian näischt undinn.
Him wor Gott no.
Esou hu spéider d’Chrëschte geduecht,
wa Gott de Sebastian vun den déidleche Feiler vum Executiounskommando beschützt huet,
da kënne mir hie froen,
ons virun all deenen ustiechende Krankheete ze beschützen,
déi wéi Feiler op ons andrénge wëllen.
Grad haut, wou an onser Por de Sebastian besonnesch veréiert gett,
loosst mir des gutt Traditioun opgräifen,
an och haut de Sebastian ëm säi Gebied fir all Krank a fir d’Enn vun der Panedemie froen.

De Märtyrer Sebastian weist ons duerch säi Liewen,
wéi Gott ons no ass.
Och da, wa mir Leed aushale mussen, vill Froe stellen a munches net verstinn.
Wéi him gëllt och ons:
„Die Zeit ist erfüllt,
das Reich Gottes ist nahe.
Kehrt um, und glaubt an das Evangelium!“ (Mk 1, 14-20)

May be an image of 1 person and sculpture
No photo description available.
No photo description available.

Source: https://m.facebook.com/story.php?story_fbid=2183330181859601&id=209727255886580&__tn__=-R

0

Publication author

offline 2 years

Olga Fadeeva

0
Comments: 0Publics: 290Registration: 10-04-2018