LSAP – Gemeng Mamer | Facebook

LSAP - Gemeng Mamer, profile picture
May be an image of 1 person and text that says '"Nëmmen e Kand, deem et gutt geet, kann sech weider entwéckelen an eppes léieren. Wann de Kapp voller Trauregkeet ass, ass keng Plaz fir Mathé a Franséisch." FRANCINE CLOSENER'

LSAP

„Déi mental Gesondheet muss zu enger absoluter politescher Prioritéit ginn.“ Dat sot d’LSAP-Deputéiert Francine Closener haut an der Chamber, wou d‘Thema Suizid am Mëttelpunkt stoung. „Suizid betrëfft och Jonker“, huet d'Francine Closener betount. Dofir misst an den Ae vun der LSAP d’Thematik vun der mentaler Gesondheet e feste Bestanddeel an der initialer Formatioun vun den Enseignantë ginn, fir datt si wëssen, wéi mat Kanner ëmgoen, déi Symptomer vun enger Depressioun opweisen. Awer och de SEPAS misst nei opgestallt ginn, vill Jonker geséichen an deem Service nämlech net dee richtegen Uspriechpartner. Mais grad dee wär wichteg. Dofir ënnerstëtzt d’LSAP och d’Fuerderung no enger reegelméisseger Interventioun vu Psychologen an der Grondschoul.
#zesummen #mirkëmmereneis

Source: https://m.facebook.com/story.php?story_fbid=3644775602274546&id=117386351680173&__tn__=-R

0

Publication author

offline 3 years

Jos Schmitz

-1
Comments: 0Publics: 314Registration: 10-04-2018