D'Ziffere sinn net schéinzerieden, dat sot d'Gesondheetsministesch Paulette Lenert e Samschdeg de Mëtteg an der RTL-Emissioun "Background am Gespréich". An de leschte 5 Deeg wieren d'Neiinfektiounen héich a volatil bliwwen. Dat, wat mer brauchen, wier awer eng kloer Tendenz no ënnen. Eng Tendenz mat enger richteger Perspektiv fir d'Spideeler wier elo awer net ze gesinn. Mëttelfristeg wier den aktuellen héije Stand vun den Infektiounszuelen net ze vertrieden. Mat sou engem héijen Positivitéitstaux wéi den Ament, kéint d'Situatioun séier ausuferen.
Hei de ganzen Interview...
Source: https://m.facebook.com/story.php?story_fbid=10159201548764668&id=47216059667&__tn__=-R