De PL gouf op de groussen Drock hin… – SEW/Ogbl- Syndikat Erzéiung a Wëssenschaft | Facebook

SEW/Ogbl- Syndikat Erzéiung a Wëssenschaft, profile picture

De PL gouf op de groussen Drock hin virleefeg (!) vum Ordre du jour vun der Chamber geholl.
No Entrevuen vum SEW mat LSAP an déi Greng haut, huet sech gewisen, dass d’LSAP d’Geforen vun der (neo)liberaler Schoulpolitik, déi op eng Privatisatioun vun den « Filetsstécker » vun der Schoul ( do wou Kanner vun Eltere sinn, déi kënne fir Bildung bezuelen an och dozou beret (musse) sinn) erausleeft, net erkennnt.
Déi Greng (entretemps war d’Noriicht komm, dass de PL vun OJ erofgehollgouf), hunn sech erliichtert gewisen.

Den SEW huet kloer drop higewisen, dass mir déi 3 Regierungsparteien fir d’Bildungspolitik verantwortlech halen.

Et muss an noer Zukunft gaz dréngend driwwer diskutéiert ginn a wat fir eng Richtung d’Bildungspolitik soll goen, an net nëmmen mam Educatiounsminister mee mat alle Parteien.

A probéieren esou Gesetzer wéi dëse PL ouni Konsultatiounen vun de Schoulpartner a bewosst ënnert dem Radar am Schied vun der Pandemiekris heemlech op den Instanzewee ze schécken, muss e Nogo bleiwen

Source: https://m.facebook.com/story.php?story_fbid=1160090487726920&id=157625794640066&__tn__=-R

0

Publication author

offline 1 year

Manuel Perroso

1
Comments: 0Publics: 227Registration: 10-04-2018