An de Grondschoulen an an de Lycéeën ass kee Versteesdemech méi fir dat Duerchernee bei den Anti-Covid Mesuren. Dat erkläert och déi schlecht Atmosphär an d’Roserei, net nëmme bei den Enseignanten, mee och bei den Elteren. D’Leit sinn net méi bereet z’akzeptéieren, dass de Minister, op eng scho bal arrogant Aart a Weis d’Problemer, déi vun den Enseignanten um Terrain opgeworf ginn, ignoréiert a schéi riet, an net drop reagéiert.
De Minister reagéiert op den ëffentlechen Drock, mat nach enger Pressekonferenz, wou hien ëmmer erëm dat Selwecht erzielt, ouni op déi Froen déi opgeworf goufen, anzegoen.
D’Enseignanten hale sech un d’Spillreegelen a passen op d’Gestes barrières op: déi sozial Distanz gëtt respektéiert, an de Schoule gëtt de Mask ugehale bis d’Schüler an hire Bänke sëtzen an d’Klassesäll ginn esou gutt gelëft wéi dat méiglech ass.
D’Anhale vun dëse Mesurë muss als Geste barrière géint de Virus duergoen. Wier dat net de Fall, da missten dem Minister seng Prinzippien a Strategië fir d’Schoulen am Allgemengen a Fro gestallt ginn.
Dem Minister seng Kommunikatioun mat de Schoulen a mat den Eltere limitéiert sech drop fir säi Konzept vum 3 Stufeplang ëmmer erëm ze wiederhuelen. Leider feelen awer dobäi déi konkret Instruktioune fir d’Mesuren an de Schoulen ëmzesetzen.
Enseignanten, Educateuren an d’Membere vun den Direktioune mussen dat all Dag feststellen. Si ginn net midd, dem Minister hir konkret Hëllef ze proposéiere fir d’Mesuren deenen allgemenge Cas de figure vun der Liewensrealitéit vun de Kanner (Schoul, Maison Relais, Kantin, sportlech a kulturell Aktivitéiten ausserhalb vun der Schoul) unzepassen, fir ze definéiere wien, wéi, wou, wéini a vum wiem informéiert gëtt, wéi dee eenzel Zenarien an de Schoule solle gehandhaabt ginn. Si verlaangen, dass Instruktiounen allgemeng gülteg sinn an a schrëftlecher Form der Schoulcommunautéit virleien.
Op déi vill Nofroe vu Gewerkschaften an Enseignantë bleift d’Äntwert vum Minister standardméisseg ëmmer déi selwecht : «Dat muss vu Fall zu Fall gekuckt ginn», respektiv «Do muss nom gesonde Mënscheverstand gehandelt ginn». Esou gëtt d’Responsabilitéit op d’Schoule gedréckt, déi awer net autoriséiert si fir Decisiounen ze huelen.
Den SEW/OGBL verlaangt duerfir séier en Aarbechtsgrupp mat Vertrieder vun alle concernéierten Acteuren auszeschafen. Leider geet de Minister net mat op de Wee. Et wier déi eenzeg effikass Aart a Weis fir d’Konzept aus dem Ministère mat de Realitéiten an de Schoulen ze verbannen.
Parallel dozou stoung an dem leschten offizielle Communiqué vum Educatiounsministère : «les deux ministres [de l’Education et de la Santé] ont insisté sur l’utilité d’avoir des règles claires et compréhensibles par tous pour limiter la propagation de la COVID-19 parmi la population». D’Realitéit ass leider eng ganz aner: de Minister gëtt léiwer Recommandatioune wéi kloer Uweisungen, a mécht dommader déi ganz Situatioun nach méi komplizéiert an oniwwersiichtlech.
Den SEW/OGBL muss leider feststellen, dass de Minister léiwer op sengem Wee festhale wëll fir net mussen op anerer ze lauschteren. Dobäi kann dat wichtegt Vertrauen nëmme retabléiert ginn, wann all d’Acteuren an d’Decisiounen agebonne ginn. Den SEW/OGBL appelléiert also nach eng Kéier un de Minister fir séier multidisziplinär Plattformen zouzeloossen, fir am Detail d’Mesuren an d’Prozeduren an de Schoulen ze definéieren an ze koordinéieren, an dat fir déi gängeg Cas de figure.
Et sollt eng normal Rentrée ginn, am Moment ass d’Situatioun schonn zimmlech oniwwersiichtlech an et riskéiert nach méi chaotesch ze ginn.
Source: https://m.facebook.com/story.php?story_fbid=1120076095061693&id=157625794640066&__tn__=-R





