70.800 Tonne Liewensmëttel ginn all Joer zu Lëtzebuerg ewechgehäit. De Gros dovunner a privaten Haushalter.
Pro Menage sinn dat ronn 88,5 kg. Weltwäit ass et ronn 1/3 vun de produzéierte Liewensmëttel, déi net consomméiert ginn, mee aus diverse Grënn, op méi oder manner direktem Wee erëm als Offall endegen.
Fir verstäerkt op dëse Mëssstand hinzeweisen, den net nëmme moralesch mee virun allem och ekologesch net akzeptabel ass, hunn d'Vereenten Natiounen haut um 29. September den 1. weltwäiten Antigaspi-Dag ausgeruff „International Day of Awareness of Food Loss and Waste” (IDAFLW).
Fir am Alldag manner Liewensmëttel ze verbëtzen, gëtt et e puer gëlle Reegelen:
- Intelligent akafen,
- Killketten net ënnerbriechen,
- Verfallsdatum verstoen,
- Frigo propper an opgeraumt halen,
- Iesswuere logesch araumen,
- Reschter kreativ verwäerten.
Méi Infoen op www.gaspi.lu
Source: https://m.facebook.com/story.php?story_fbid=10159061561049668&id=47216059667&__tn__=-R





