Um Aviatiounmaart ginn et nei Modeller, wéi zum Beispill den Airbus A220, eng europäesch Produktioun, déi bis zu 25% manner Kerosin verbraucht (a konsequenterweis och manner d’CO2-Emissioune produzéiert). Dësen Airbus-Typ ass op 100 bis 150 Passagéier ausgeriicht an huet eng vergläichbar Autonomie ewéi d’Fligeren aus der Boeing-737-NG-Famill, wat bei de Strecken, déi Luxair ubitt, duerchaus duer geet. Den Airbus A220 kann zousätzlech de Kaméidi am Ufluch a beim Start am Vergläich zur Boeing 737er-Flott reduzéieren. Änlech Charakteristike kann och d’Embraer mat hirer 170 bis 195er-Famill opweisen. 🛩
Et ass och gewosst, dass eng Boeing 737NG net méi den aktuellsten Technikstandarden entsprécht an deemno de Verbrauch entspriechend méi héich leit wéi bei neie Modeller:

PIRATEN.LU
Luxair Flotte
Source: https://m.facebook.com/story.php?story_fbid=10158562687630561&id=183148710560&__tn__=-R