LSAP – „Dee Virsaz muss och a Pandemiezäite gëllen. Wärend… | Facebook

LSAP

„Dee Virsaz muss och a Pandemiezäite gëllen. Wärend der éischter Infektiounswell hu mer schwéieren Häerzens d’Strukture fir eeler Leit a Leit mat enger Behënnerung quasi ofgeschott, fir dës vulnerabel Persoune esou gutt ewéi méiglech virum Virus ze schützen“, sou d’Simone Asselborn-Bintz.

„Et ass elo wichteg, vulnerabele Persounen erëm e méi normaalt Liewen ze erméiglechen. Dat geet nëmmen, wa mer alleguer Virsiicht walte loossen an eis un d’Gestes Barrièren halen. Fir d’LSAP ass et doriwwer eraus och wichteg, dass déi verschidde Strukturen déi néideg Mëttelen a kloer Virgaben hunn, fir d’Leit beschtméiglechst ze schützen“, sou nach d’Simone Asselborn-Bintz.

Méi dozou hei 👉 https://www.lsap.lu/ein-platz-in-der-gesellschaft-fur-jeden/

Source: https://m.facebook.com/story.php?story_fbid=10158923512159668&id=47216059667&__tn__=-R

0

Publication author

offline 2 years

Ricardo Turo

0
Comments: 0Publics: 285Registration: 10-04-2018