Centre d’Incendie et de Secours Schengen – CISCH | Facebook

[Vegetatiounsbrand - Präventioun]

Déi lescht Wochen sinn d’Pompjeeë méi wéi eng Kéier wéinst Vegetatiounsbränn geruff ginn.
An engem spezifesche Fall ass d’Feier ugaange well eng Persoun Hecke verbrenne wollt an d’Lag eskaléiert ass.
D'Pompjeeën haten d'Situatioun awer séier ënner Kontroll, esou dass kengem eppes geschitt ass.

Zu dëser Joreszäit ass et besonnesch wichteg op eis Natur opzepassen.
Duerch déi waarm Temperature sinn d'Wiesen, d'Felder an d'Bëscher extrem dreschen.

Dofir recommandéiert de CGDIS:
🚬 keen Zigarettestomp aus dem Auto respektiv an d'Natur ze geheien.
🍾 Keng Glasfläschen oder Schierbelen an der Natur leien ze loossen.
🌭 Net op enger Wiss oder am Bësch ze grillen
🚗 Esou wei net mat engem Auto duerch eng Wiss oder e Feld ze fuere wéinst dem waarme Soubassement an Auspuff.

Am Fall vun engem Vegetatiounsbrand ass et direkt den 112 a Kenntnis ze setzen 🚒

Source: https://m.facebook.com/story.php?story_fbid=2695774860710680&id=1494057080882470&__tn__=-R

0

Publication author

offline 3 years

Corinne Kuhn

0
Comments: 0Publics: 314Registration: 10-04-2018