LSAP – „Zil ass et, trotz de noutwennege… | Facebook

LSAP

„Zil ass et, trotz de noutwennege Virsiichtsmoossnamen e relatiivt normaalt Liewen féieren ze kënnen. Wa mer alleguer un engem Strang zéien, also déi kleng Gestes Barrièren anhalen an onnéideg Kontakter vermeiden, ass dat och méiglech“, sou d’LSAP-Gesondheetsministesch Paulette Lenert.

„Mee déi Geste bleiwe wichteg, well de Virus sou schnell nach net verschwanne wäert an en eng Gefor fir d’Gesondheet vun der Allgemengheet bleift. Villméi gëllt et, seng Ausbreedung souwäit et geet a Schach ze halen a vulnerabel Persounen ze schützen.“

„D’Ausgangslag ass heivir besser wéi am Mäerz: de Gesondheetssystem ass besser virbereet, mir wësse méi iwwer de Virus, a mir kënne méi geziilt Mesure huelen, ouni d’Fräiheete vun de Bierger onnéideg anzeschränken“, sou nach d’Paulette Lenert.

Hei den Interview 👉 https://www.lsap.lu/leben-mit-dem-virus/

Source: https://m.facebook.com/story.php?story_fbid=10158914960634668&id=47216059667&__tn__=-R

0

Publication author

offline 2 years

Ricardo Turo

0
Comments: 0Publics: 285Registration: 10-04-2018