CSV | Facebook

CSV

En neie Fall vu gréng Politiker, gréng Gesetzer a gréng Ausnamen?

Enger grénger Politikerin hir Fra huet Beem ouni Autorisatioun an enger Gréngzon ëmgehaen.

Usech skandaléis, well genau gewosst war, datt eng Autorisatioun gebraucht gëtt, an een sech grad hei eng besonnesch Sensibilitéit fir den Naturschutz erwaarde kéint.

No dësem Tëschefall wërft nees d'Virgoe vun der Carole Dieschbourg hirem Ëmweltministère eng ganz Rei Froen op:

- Firwat gouf de Baustopp eréischt no bal 2 Wochen decidéiert, an net wéi gewinnt no 2 Deeg?
- Laut Lëtzebuerger Wort, huet de Ministère duerno dëser Persoun eng gratis Ökobilanz ausgestallt, obwuel dës Fraisen normalerweis à charge du demandeur sinn; ass dat normal ?
- Gouf et hei op en Neits Favoritismus fir gréng Parteikolleegen ?

Dës Froe stelle sech schon erëm a mir fuerderen d’Regierung an d'Ëmweltministesch op, hei schnellstméiglecht fir Opklärung an Transparenz ze suergen !

https://www.wort.lu/de/politik/baustopp-in-beckerich-wirft-fragen-auf-5f299addda2cc1784e3631a3

Source: https://m.facebook.com/story.php?story_fbid=10158544082189776&id=56016549775&__tn__=-R

0

Publication author

offline 3 years

Christiane Rolling

0
Comments: 0Publics: 321Registration: 10-04-2018