Dëst Joer steet den internationalen Dag vun de Kooperativen ënnert dem Zeeche vum kollektive Kampf géint d’Klimakris. 🌍🌻 Fir d’Klimakris unzegoen, musse mir als Gesellschaft grouss kollektiv Efforte

Dëst Joer steet den internationalen Dag vun de Kooperativen ënnert dem Zeeche vum kollektive Kampf géint d'Klimakris. 🌍🌻

Fir d'Klimakris unzegoen, musse mir als Gesellschaft grouss kollektiv Efforte maachen. Kooperativ Geschäftsmodeller leeschten hei e wichtege Bäitrag, well se Mënschen zesumme bréngen an net den individuelle Profit, mee den Notze fir d'Allgemengheet un éischter Stell steet. D'Profitter ginn net an d'Hänn vun enger klenger Minoritéit, mee fair opgedeelt. Domat gëtt och den Zesummenhalt an eiser Gesellschaft gestäerkt.

Och zu Lëtzebuerg di sech ëmmer méi Leit op lokalem Plang zesumme fir kollektiv erneierbare Stroum ze produzéieren, nei nohalteg Wunnformen ze entwéckelen oder biologesch Liewensmëttel unzebauen. D'Kooperativ ass e Modell mat Zukunft. Dofir wäerte mir eis weiderhin dofir asetzen, dass dës Initiativen op lokalem an nationalem Plang ënnerstëtzt ginn.

Source: https://m.facebook.com/story.php?story_fbid=10158780465979874&id=21710789873&__tn__=-R

0

Publication author

offline 11 months

Peter Moers

0
Comments: 0Publics: 208Registration: 10-04-2018