„Moien, mäin Numm ass Samira Merenz, ech sinn 22 Joer al an studéiere Politikwëssenschaft am 4. Semester zu Wien. Ob den éischte Bléck wierkt des kuerz a knapp Beschreiwung warscheinlech net extrem au

„Moien, mäin Numm ass Samira Merenz, ech sinn 22 Joer al an studéiere Politikwëssenschaft am 4. Semester zu Wien. Ob den éischte Bléck wierkt des kuerz a knapp Beschreiwung warscheinlech net extrem aussergewéinlech. Mee mir liewen an aussergewéinlechen Zäite wei d'Plastiksscheif virun mir verréit.. Mäi Stage am ZpB besteet awer net nëmmen dorausser meng Hänn ze desinfizéieren, vill ze vill Trapen ze goen oder eng déif Bezéiung zur Kopiesmaschinn opzebauen. Niewent interessanten Ablécker an de Fonctionnement vum ZpB fillen ech mech fir eng leider ze kuerz Zäit wei een Deel vun enger Equipe an der ech schonn no der Halschecht vu mengem Stage éierlech behaapte kann, dass ech an diversen Hisiichte villes aus dësem Stage mathuele wäert.“

Source: https://m.facebook.com/story.php?story_fbid=1549928101834738&id=508455085982050&__tn__=-R

0

Publication author

offline 9 months

Corinne Kuhn

0
Comments: 0Publics: 213Registration: 10-04-2018