Een bericht van CSV Gemeng Jonglënster op Vandaag

Haut kënnt de fréiere Wirtschafts- an Arméiminister Schneider an d’Budgetskontrollkommissioun an hëlt endlech Stellung zum Dossier Militärsatellit. Soll de Projet weider finanzéiert ginn, kommen zousätzlech Käschte vu ronn 180 Milliounen op de Staat duer. Fir dëst a Relatioun ze setzen:

2 ½ neie Fussballstadien
2 ½ Vëlodromen
Bal 2 Lënster Lycéeen
1 ¼ Käerjenger Contournementen
1 ½ Joer laang Studiebourssen ausbezuelen

Dowéinst fuerdert d’CSJ kloer Äntwerten op d’Froen:
▶️ Ass d’Ausschreiwung no legale Marchésreegelen ofgelaf?
▶️ Firwat widdersprieche sech fréier Responsabel vu Ministère an Arméi?
▶️ Huet de fréiere Minister bewosst gelunn an Informatioune virenthal?
▶️ Ginn et hei strofrechtlech Verfeelungen?
▶️ Wie war mat an déi méiglech Vertuschung involvéiert?
▶️ Huet d’Regierung endlech en iwwerzeegend Konzept fir de Projet?
▶️ Wat ass der Regierung hir aktuell Positioun zum Militärsatellit?

D’CSJ gesäit hei däitlech moralesch Probleemer, déi net däerfen ënnert den Teppech gekiert ginn. Déi Responsabel mussen a Flicht geholl ginn a méiglech Konsequenzen droen, sollten zousätzlech legal Contrainte festgestallt ginn. Och d’Regierung kann sech hei net hirer kollektiver Verantwortung virum Parlament entzéien. Sollten déi aktuell Virwërf stëmmen, ass d’Chamber mat falschen Zuele konsequent un hirer Aarbecht gehënnert ginn, d’Regierung ze kontrolléieren.

Mir fuerderen d’Chamber dowéinst op, haut no hirer Sëtzung, direkt eng Untersuchungskommissioun anzesetzen, fir all deene Froen op de Grond ze goen. Et ass wichteg opzeschaffen wéi esou eppes konnt passéieren a wéi dat an der Zukunft verhënnert ka ginn.

Source: https://m.facebook.com/story.php?story_fbid=902173473521510&id=140867166318815&__tn__=-R

0

Publication author

offline 3 years

Christiane Rolling

0
Comments: 0Publics: 321Registration: 10-04-2018