Haut ass den Weltdag géint Kanneraarbecht. A verschiddene Regioune vun der Welt ass Kanneraarbecht weiderhin e ganz grave wéi alldeegleche Problem. Kanneraarbecht stellt net just déi physesch a psyche

Haut ass den Weltdag géint Kanneraarbecht. A verschiddene Regioune vun der Welt ass Kanneraarbecht weiderhin e ganz grave wéi alldeegleche Problem. Kanneraarbecht stellt net just déi physesch a psychesch Gesondheet vun de Kanner op d’Spill, mä ënnerbënnt och eng kannergerecht Entwécklung a schoulesch Ausbildung.

Kanneraarbecht muss sur place bekämpft ginn, mä mer kënnen a mussen och iwwert de Wee vun eiser Wirtschafts- a Baussepolitik dogéint fir goen. Dofir brauche mir zu Lëtzebuerg an iwwerall an Europa streng Standarde fir den Devoir de vigilance, wouduerch Entreprisen ënnert anerem dozou verflicht ginn, Kanneraarbecht strikt auszeschléissen.

D'Regierung ass am gaangen un engem nationale Kader fir den devoir de vigilance ze schaffen an déi entspriechend Étude soll am Hierscht dëst Joer färdeg ginn. Mir hunn eis awer och op europäeschem Niveau fir eng entspriechend Gesetzgebung agesat, an d’EU-Kommissioun huet confirméiert, dass eng EU-Gesetzgebung proposéiert soll ginn.

Méi zum Thema an dëser Question parlementaire vun eisen Deputéiert Stéphanie Empain a Charles Margue: https://greng.lu/wp-content/uploads/2020/05/QPR-EMPMAR-219264.pdf

Source: https://m.facebook.com/story.php?story_fbid=10158703499374874&id=21710789873&__tn__=-R

0

Publication author

offline 2 years

Franz Peters

0
Comments: 0Publics: 319Registration: 10-04-2018