Luust mol ran!
Hutt dir schonn de neie Site vun de Mëllerdaller Produzenten gesinn❓
De Site www.mellerdaller-produzenten.lu ass op alle Fall e Besuch wäert.👍En ass am Kader vum LEADER-Projet „De Mëllerdall – eng Regioun mat Goût" realiséiert ginn.
Dëse Projet ass vun de Mëllerdaller Produzenten initiéiert gi mam Zil dem Konsument déi Regional Produkter méi no ze bréngen an duerch si d’Regioun ze entdecken.🍏🍞🧀🥩🍯🍺🍷
All Produkt erzielt eng Geschicht, iwwer de Produzent a säin Handwierk, déi lokal Traditiounen an d’Landschaft. 👉🛒 Wie regional akeeft ënnerstëtzt also net nëmmen d’Betriber aus der Regioun mee dréit och zum Erhalt vun dësem Handwierk an den typesche Kulturlandschafte bäi.
Site: Marc Wilmes Design & Fotoen: Oliver Götz Fotografie
Source: https://m.facebook.com/story.php?story_fbid=1353451655045023&id=510256632697867&__tn__=-R




