Ab dëser Woch kënnt dir, an Zesummenaarbecht mat der Bibliothéik vun Eschdöerf, bei eis och Bicher bestellen déi mir iech heem liwweren. Kuckt ob a-z.lu ob äert Buch an eiser Bibliothéik disponibel as

Ab dëser Woch kënnt dir, an Zesummenaarbecht mat der Bibliothéik vun Eschdöerf, bei eis och Bicher bestellen déi mir iech heem liwweren. Kuckt ob a-z.lu ob äert Buch an eiser Bibliothéik disponibel ass an maacht är Commande iwwert den Mail: bib.eschdorf@gmail.com
Dëss Offer riicht sech un alleguer Leit aus der Gemeng Esch-Sauer.

Weiderhin ginn mir natierlech och fir eeler an vulnerabel Leit aus eiser Gemeng Liewensmëttel an Medikamenter akafen.
Bis ewell konnten mir 53 Commanden liwweren an sinn weiderhin gearen fir iech do.
Mëllt iech ob der Nummer: 661 819 524 (Elsen Charles), 691 993 918 (Rekker Niels) oder iwwer eis E-Mailadresse: st.pirmin.raro@gmail.com

Bléift gesond!
#guidenascouten #allDagEngBA

Source: https://m.facebook.com/story.php?story_fbid=2525131154257430&id=122046237899279&__tn__=-R

0

Publication author

offline 8 months

GIlle Schannen

0
Comments: 0Publics: 223Registration: 10-04-2018