Haut um 7. Abrëll ass Weltgesondheetsdag. An dësem Joer soll besonnesch d’Aarbecht vum Fleegepersonal a vun den Hiewane allgemeng gewierdegt ginn. Zu Recht: Dës zwou Beruffsgruppe sinn op allen Niveau

LSAP

Haut um 7. Abrëll ass Weltgesondheetsdag. An dësem Joer soll besonnesch d'Aarbecht vum Fleegepersonal a vun den Hiewane allgemeng gewierdegt ginn. Zu Recht:
Dës zwou Beruffsgruppe sinn op allen Niveaue vun de Gesondheetssystemer aktiv. Si garantéieren eng qualitativ héichwäerteg Gesondheetsversuergung an deene verschiddenste Beräicher.
Et sinn och si déi, déi nächst Generatioun vu Fleeger/ Fleegerinnen an Hiewanen ausbilden.
Si spillen deemno och eng ganz wichteg Roll bei der mëttel- a laangfristeger Ofsécherung vum Gesondheetswiesen - hei am Land awer och soss iwwerall op der Welt.
Speziell an där Kris wou mir eis ablécklech befannen, muss een awer drop hiweisen, dass et d'Zesummespill vun allen Acteuren aus dem Santésberäich ass, dat eis et zu Lëtzebuerg wuel erlaabt, verhältnesméisseg gutt aus sanitärer Siicht aus dëser Kris erauszekommen.
#Zesumme mat allen aneren Acteuren am Déngscht vun der Allgemengheet (Nout- a Sécherheetsdéngschter, Commerce, Transport,...) a mat de Bierger, déi sech majoritär strikt un déi veruerdent Moossnamen halen, ergëtt dëst eng staark a virun allem effikass solidaresch Leeschtung.

Source: https://m.facebook.com/story.php?story_fbid=10158509401399668&id=47216059667&__tn__=-R

0

Publication author

offline 3 years

Christiane Rolling

0
Comments: 0Publics: 321Registration: 10-04-2018