Moien, ech sinn dBabsi, eng 10 Joer dynamesch Mops Dame. Ech sichen en Doheem, wou ëmmer eng léif Persoun do ass, déi mat mir kuschelt, a Verständnis dofir huet, dass mech d'Eleng bleiwen an een extreemt Onwuel befannen versetzt. Dann drénken ech vill ze vill, soudass meng Blos et net packt an ech dann noutgedrongen den Buedem aweien.
Ech sin geimpft, gechipt, kastréiert, verdroe mech mat aner Hausdéieren a sin kannerfrëndlech. Mam Alter ass mäin Gehéier ëmmer méi schlecht gin. Mëttlerweil sin ech daf, mä ech uechten dofir ëmsou méi op Zeechenkommandos. Ech krèien ee mol am Dag eng hallef Pëll geint Inkontinenz a gin aktuell all 10 Deeg bei d'Michèle an d'Physio fir mäin Bandscheiwenfirfall behandelen ze loossen. Mell dech iwwert de 621 259 988 fir weider Infoe vu mir ze kréien.
Merci, aert Babsi ❤
Source: https://m.facebook.com/story.php?story_fbid=1535872439924119&id=159056020939108&__tn__=C-R




