Dat sot den LSAP-Deputéierten Yves Cruchten de Mëtten am Kader vun enger Debatt an där d’Fraktiounen hir Iddie fir de neie Pacte Logement 2.0 präsentéiert hunn, deen de Gemengen hëllefe soll, abordabe

LSAP

Dat sot den LSAP-Deputéierten Yves Cruchten de Mëtten am Kader vun enger Debatt an där d’Fraktiounen hir Iddie fir de neie Pacte Logement 2.0 präsentéiert hunn, deen de Gemengen hëllefe soll, abordabele Wunnraum ze schafen.

Den éischte Pacte Logement hätt säin eigentlecht Zil, de Logement méi accessibel ze maachen an der Präisexplosioun vum Logement entgéintzewierken, leider net usazweis erreecht, sou den Yves Cruchten. Et géing elo drëms, d’Léieren dorausser ze zéien an ze kucken, wéi de Pacte Logement 2.0 dozou bäidroe kann, dee Problem ze léisen.

“An den Ae vun der LSAP kann dat just doriwwer goen, dass d’ëffentlech Hand Suen an de Grapp hëlt, fir selwer méi Wunnengen ze bauen, déi herno an der ëffentlecher Hand bleiwen an de Leit fir en abordabele Präis zur Verfügung gestalt ginn. Dobäi muss séchergestallt ginn, dass fir déi verschiddenst Besoin’en eng Offer geschaf gëtt.”

Hei kënnen d’Gemengen eng wichteg Roll spillen. De Staat muss si allerdéngs encadréieren, souwuel finanziell wéi och um Niveau vun der Expertise, an hinne wierksam Instrumenter ginn, fir dass se Bauland an eidel Wunnenge mobiliséieren an duerno Sozialwunnenge geréiere kënnen.

“De Pacte Logement 2.0 kann dozou bäidroen, d’Logementssituatioun ze verbesseren . Dofir mussen awer d’Gemenge Solidaritéit weisen an alleguer un engem Strang zéien. E misst e verflichtend Instrument ginn, op d’mannst dann emol bei all deene Gemengen déi matmaachen”, sou nach den Yves Cruchten.

Source: https://m.facebook.com/story.php?story_fbid=1015811258014466...

0

Publication author

offline 1 year

Christiane Rolling

0
Comments: 0Publics: 255Registration: 10-04-2018