Red Boys Uespelt

Uespelt verléiert doheem 1-2 géint den CSO. Op der Gennerwiss haat den CSO de besseren Start. Mee hier Chancen goufen entweder vum Goalkeep geblockt oder sin niewt dem Goal geland. Ab der 25. Munut ass dun Uespelt besser an de Match komm an haat och seng Chancen. Et soll awer mat engem 0-0 an d’Paus goen. An der 50 Minut konnt dunn awer Uespelt per 11 Meter mam Jaouzi Sofiane an véierung goen. Mee den CSO huet weider gedréckt an konnt duerch e Volleyschoss an der 69. Minut ausgläichen. 5 Minuten méi spéit soll dunn d’kaal Dusch kommen. Den CSO kruut och säin 11 Meter an konnt an der 74. Minut an Véirung goen. Déi sollen se dann och bis zum Schluss haalen. Et soll also keen gudde Saisonstart fir Uespelt sin. E Sonndeg geet et dann fir d’Coupe op Welwerwoltz. Hoffen mer dass mer do d’Kéier kréien an dass et dono och am Championat besser geet.

Author: https://facebook.com/145909725496728 – Red Boys Uespelt


0

City: aspelt

Publication author

offline 1 week

Ricardo Turo

0
Comments: 0Publics: 447Registration: 10-04-2018