Eechternoacher Massdéiner

Léiw Frënn, Fir eisen 30. Anniversaire brénge mir am September eng Broschür iwwert eise Veräin eraus. Wann dir eist dobäi wëllt ënnerstëtze kenn dir dat folgendermoosse maachen: • Dir sidd an eisem Comité de Patronage, den an der Broschür publizéiert gëtt, ab engem Don vu 15€. • Dir wëllt eis eng Säit offréieren, da geet dat ab engem Don vu 50€. Ären Numm kennt ënnen op eng Säit stoen. (Dir stitt och am Comité de Patronage.) • Anonymmen Don (w.e.g op den Extrait -Don anonym- schreiwen) Iwwerweise kennt dir d’Suen bis de 15. September op eise Kont: Eechternoacher Massdéiner BCEE: IBAN LU69 0019 8400 2289 0000 Vermierk: „Numm a Virnumm + Sponsoring Broschür“ Wann dir eng Broschüre wellt reservéieren, kenn dir dat ganz einfach man andeems dir entweder eng Email op eechternoacher.massdeiner@outlook.com schreiwt mat ärem Numm, ärer Adress a weivill Exemplairen dir gären hätt oder dir schreiwt eis e Message iwwer Facebook mat de gläichen Angaben. Weider Detailer iwwert de Präis a sou kommen an denen nächste Wochen! Am Viraus en grousse Merci fir är Ënnerstëtzung, De Comité vun den Eechternoacher Massdéiner

Read more

Author: https://facebook.com/628933127286458 – Eechternoacher Massdéiner


0

City: echternach

Publication author

offline 7 days

Nic Goedert

0
Comments: 0Publics: 452Registration: 10-04-2018