CSV

All Owend behandele mer zwee Themebléck a jeeweils ronn enger Stonn. Dat heescht, datt mer net wëllen iwwer zwou Stonnen eraus goen. Den éischte Sujet ass Klima a Nohaltegkeet, mat éischten Aspekter Wuesstem a Wunnengsmaart. Eng nohalteg funktionéierend Gesellschaft zu Lëtzebuerg muss klimaneutral ginn, a si ka net onkontrolléiert an d’Onendlecht wuessen. Wéi e politescht Handelen dat vun eis verlaangt, wëlle mer mat dem Impuls vu Fachleit an äre Beiträg debattéieren. Deen zweete Block ass Verfassung, Biergerbedeelegung an Dialog mat de Mënschen am Land. Mir hu kloer gemaach, datt eis Zoustëmmung zu enger neier Verfassung dervun ofhänkt, ob d’Leit am Land op politesch relevant Manéier an d’Redaktioun agebonne ginn. Mir wëllen och ufänken, Iwwerleeungen zum Walsystem zu Lëtzebuerg ze maachen.

Author: https://facebook.com/470862336268529 – CSV Süden