Gemeng Käerjeng

Op Grond vun enger grousser Nofro vu Persounen aus dem ganze Land, déi de geschiedegte Leit vun der Tornado-Katastrof vum 9. August wëllen hëllefen, lancéieren d’Schäfferéit vun de Gemenge Käerjeng a Péiteng, zesumme mat den Associatiounen « Käerjeng hëlleft » a « Fir e gudden Zweck – Gemeng Péiteng » eng Solidaritéits-Aktioun. Et geet hei dorëms fir Fongen ze sammelen, mat deene Schied kënne beglach ginn, déi vun den üblechen Assurancen net gedeckt sinn. Déi Persounen, déi dës Aktioun wëllen ënnerstëtzen, kënnen en Don maachen op d’Konte vun den 2 Associatiounen : – Käerjeng hëlleft: CCPL LU78 1111 7024 7295 0000 – Fir e gudden Zweck – Gemeng Péiteng: BILL LU27 0026 0100 6485 5800 Communication : “Tornado Käerjeng / Péiteng”. E Comité de gestion, bestehend aus Membere vun den 2 Schäfferéit an aus Membere vun den 2 Comitéen analyséiert an évaluéiert déi eenzel Dossieren.

Author: https://facebook.com/198309280284408 – Télévie-Rodange


0

Publication author

offline 2 weeks

Lea Lotti

0
Comments: 0Publics: 396Registration: 10-04-2018