déi gréng

Gëschter gouf de Südweste vum Land, virun allem d’Gemenge Péiteng a Käerjeng, vun engem Tornado getraff. Dobäi goufen 19 Leit blesséiert an iwwer 150 Haiser beschiedegt. Méi wéi 80 Haiser si momentan net bewunnbar. Dësen Evenement huet eis erschreckt a mir wënschen all de betraffene Leit vill Courage. De Stuerm vu gëschter huet op Neist gewisen, datt och Lëtzebuerg net immun géint extrem Wiederkonditiounen ass. D’Noutsituatioun huet awer och eng Well vu Solidaritéit an de betraffene Gebidder lassgeléist – en Zesummenhalt ënnert de Biergerinnen a Bierger dee mir immens begréissen. Ee grousse Merci un all d’Benevollen, an un all d’Leit vum CGDIS – Corps grand-ducal d’incendie et de secours , der Police Luxembourg an der Lëtzebuerger Arméi déi am Asaz waren an deelweis ëmmer nach sinn.

Read more

Author: https://facebook.com/450429285038883 – déi gréng Suessem


0

Publication author

offline 7 days

Marcel Schaack

1
Comments: 0Publics: 441Registration: 10-04-2018