LSAP

An der haiteger Chamberdebatt iwwert d’Fichiere vu Police a Parquet huet den Alex Bodry ënnerstrach, dass een éierlech misst zouginn, dass een – tous partis confondus – an de lëschte Joerzéngten d‘Komplexitéit vum Dateschutz wuel falsch ageschat hätt. „Mir hunn hei eng kollektiv Responsabilitéit“, sot hien. Et kéint ee juristesch net beim Status Quo bleiwen a well den Dateschutz eng Fro wier, wou et schwéier wier de richtegen Equiliber ze fannen, sollten an dëser Fro d’Majoritéitsparteien an d‘Oppositioun zesumme schaffen fir zesummen als Chamber eng Gesetzespropositioun virzeleeën, esou den LSAP-Fraktiounschef. „Ma Merde, mär sinn de Legislateur“, huet den Alex Bodry d‘Chamber opgeruff net op d’Regierung ze waarde fir an dësem Dossier eppes ze änneren.

Author: https://facebook.com/47216059667 – LSAP