Ville de Luxembourg

#nationalfeierdag2019 Fir d’Sécherheet vun de Leit, an e beschtméiglechen Oflaf vum Fakelzuch a vum Freedefeier ze garantéieren, ginn et e Samschden (22/6) e puer Upassungen am Verkéier, fir d’Vëlosfuerer an och fir d’Foussgänger. Ënnert anerem wäerte gespaart sinn: de Pont Adolphe ab 19:00 fir de Verkéier an ab 21:00 fir d’Foussgänger, déi Al Bréck (Viaduc) ab 20:00 an d’Foussgänger-/Vëlospasserelle vum Pont Adolphe ab 22:30. No dem Freedefeier ginn d‘Accèse fir d’Foussgänger esou séier ewéi méiglech op. Fir méi praktesch Infoen an dësem Kontext: http://ow.ly/KUUN30oXylV

Author: https://facebook.com/541072229329667 – Barefoot in Luxembourg