Eng Postkaart den Dag

Schéine Panorama vun Dikrech mat der Kierch St. Laurent am Zentrum Liked, deelt a kommentéiert, wann iech dës Postkaart gefält. De Grondstee gouf 1866 geluecht an d”Kierch gouf bis 1868 no Pläng vum Pierre Biwer vun der Firma Nicolas Kinkels vu Biissen gebaut. Den 8. August 1869 gouf d’Kierch a Presenz vum apostoulesche Vikar Nicolas Adames, dee spéider sollt Bëschof ginn, geweit. 1944 gouf déi ëstlech Fassade vun der Kierch an der Ardennenoffensiv schwéier beschiedegt, wouropshin d’Kierch renovéiert an deelweis ausgebaut gouf. Postkaart aus den 1920er Joren. Fotograf: Onbekannt; Editeur: Nels.Flott Postkaart vun Dikrich mat interessanten Erklärungen dozou!

Author: https://facebook.com/1037413476379670 – déi gréng Dikrich