DEMY Schandeler Official Web Site

******* E Bléck hannert d’ Kulissen vum Demy Schandeler ****** Dräi Froen un : den Patrick Mécanicien Atelier Keespelt Wéi eng deeglech Missiounen huet een an engem Atelier vun engem Busbetrib? P: Eis Missioun ass et fir den Entretien vun all eisen Bussen a Minibussen ze suergen an d’ Sécherheet ze garantéieren. All Dag ginn eis Bussen kontrolléiert an wann néideg gefléckt. Mir suergen dofir, dass Pneuen, Bremsen a Bremsleitungen, esou wéi d’ Amortisseuren ëmmer an engem perfekten Zoustand sinn. Wat gefält Iech am Beschten un ärem Beruff? P: An mengem Beruff ginn ech all Dag mat neien Aarbechten konfrontéiert an et léiert een ëmmer Neies dobäi. Fir mech ass et eng Satisfaktioun, wann ech een Gefier erfollegräich gefléckt hunn. Et freet mech och, wann fir meng Aarbecht meng handwierklech Kompetenzen gefrot sinn. Wat sinn Är gréissten Erausfuerderungen? P: Mir mussen eisen deeglechen Roulement respektéieren, esou dass mir keen Retard kréien an all Gefier mat Zäiten fäerdeg gëtt. Wann een Bus ausserhalb vum Betrib en Panne fält, dann mussen mir esou séier wéi méiglech den Problem fannen a léisen, fir dass den Bus weider seng Ligne fueren kann.

Author: https://facebook.com/252880528117791 – DEMY Schandeler Official Web Site


0

City: keispelt

Publication author

offline 1 week

Lea Lotti

0
Comments: 0Publics: 610Registration: 10-04-2018