DEMY Schandeler Official Web Site

******* E Bléck hannert d’ Kulissen vum Demy Schandeler ****** Dräi Froen un : Elisabeth Agent de Comptoir Reesagence Keespelt Wéi eng deeglech Missiounen huet een an enger Reesagence? E : Eis Aufgab ass et d’ Clienten ze beroden, an hir Reesen op ze bauen a ze organiséieren. Den perséinlechen Kontakt an den Suivi vun all eenzelen Dossier ass immens wichteg. Eis alldeeglech Missioun ass et den Leit hir Dreem ze erfëllen an hinnen hir Vakanz esou ze organiséieren wéi Si sech dat virstellen. Wat gefält Iech am Beschten un ärem Beruff? E : Mir perséinlech gefält den direkten Kontakt mam Client am Beschten. D’ Leit ze beroden an hinnen esou vill wéi méiglech Informatiounen iwwert eng Destinatioun kënnen ze ginn, mëscht mir ëmmer vill Freed. Et ass eng grouss Satisfaktioun wann een ee positiven Feedback vun engem Client no senger Vakanz kritt! Wat sinn Är gréissten Erausfuerderungen? E : Eng grouss Erausfuerderung ass fir dem Client ëmmer dat beschten Präis-Leeschtung Verhältnes ze bidden. Mir iwwerpréiwen all d’ Méiglechkeeten fir dem Client deen idealen Package ubidden ze kënnen. Et kann och mol schwiereg ginn fir eis, wann Komplikatiounen, wéi annuléiert Flich, Overbooking asw optrieden. An dem Fall heescht et en roueg Kapp halen an esou séieren wéi méiglech eng Solutioun fir den Client ze fannen.

Author: https://facebook.com/252880528117791 – DEMY Schandeler Official Web Site


0

City: keispelt

Publication author

offline 1 week

Manuel Perroso

1
Comments: 0Publics: 608Registration: 10-04-2018