Mischel Sylvie

Mir bleiwen dobäi: All Famill soll dem Staat gläich wäert sinn! Mir wëllen e gestaffelt Elteregeld, je no Unzuel vu Kanner. An d‘Elteren decidéieren dann ob si léiwer zu 2 schaffe ginn a mat deen Geld eng Struktur bezuelen oder ob ee bei de Kanner bleift an mam Elteregeld Sozialversécherung bezilt (dann ass och, am Fall vun enger Scheedung, virgesuergt). Haut profitéieren nëmmen déi Familljen wou déi 2 Elterendeeler schaffe ginn dovunner datt d’Crèche vun der Allgemengheet, also iwwer Steiergelder, bezuelt ginn Esou gesinn gëtt et keng gratis Kannerbertreiung a jiddereen ass gezwongen een eenzege Familljemodell finanziell ze ënnerstëtzen. An déi, déi wëllen doheem bei hire Kanner bleiwen kréie näischt a gi vun der Gambiapolitik diskriminéiert.

Read more

Author: https://facebook.com/415268348895000 – Fernand Kartheiser