Centre national de littérature (CNL) – Lëtzebuerger Literaturarchiv

De Centre national de littérature ass traureg, Iech musse matzedeelen, datt de Georges Hausemer gëschter den 13. August 2018 no laanger Krankheet verstuerwen ass. Hien huet d‘Welt op Lëtzebuerg bruecht a Lëtzebuerg eraus an d’Welt gedroen. Elo ass de Georges Hausemer op seng lescht Rees gaangen. D’Literaturarchiv trauert ëm de Schrëftsteller, Iwwersetzer an Editeur. De Batty-Weber Präisträger 2017 huet mat feinem Humor a mat engem Schmunzele geschriwwen, d’Reesliteratur zu Lëtzebuerg etabléiert, de soziale Roman matgeprägt (“Iwwer Waasser”), géint d‘Krankheet ugeschriwwen (“Der Suppenfisch”, “Fuchs im Aufzug”) a sech onermiddlech fir d’Literaturwelt am Grand-Duché agesat. Ons oprichtegt Matgefill gëllt dem Susanne Jaspers an der Famill. Foto: Paolo Leoni

Author: https://facebook.com/216622871738416 – Centre national de littérature (CNL) – Lëtzebuerger Literaturarchiv


0

City: mersch

Publication author

offline 2 weeks

Manuel Perroso

1
Comments: 0Publics: 386Registration: 10-04-2018