FREDERICK

Slide_Frederick
Frederick color (c) Marla M.

FREDERICK

THÉÂTRE D’OBJETS & MUSIQUE
OBJEKTTHEATER & MUSIK

13-06-2019
Summary
(Unfortunately this text does not exist in English.)

SCHULVORSTELLUNGEN // PRÉCOCE, CRÈCHES, CYCLE 1
 
More information
(Unfortunately this text does not exist in English.)

LA COMPAGNIE DU GRAND BOUBE

Mam Renelde Pierlot, Erzielung a Schauspill. Franz Leander Klee, Piano. Ann Majerus, Gei. Francis Schmit, Konzept, Inzenéierung. Franz Leander Klee, Musikalesch Adaptatioun, Direktioun. Romain Stammet, Bühnebild, Luucht. Peggy Wurth, Kostümer. Céline & Rüdiger Leuchter, Spezialeffekter. Agnès Limbos, Objeten. Mani Muller, Dramaturgie, Berodung.

Eng Famill vu Feldmais wunnt an enger Mauer, no bei engem Bauerenhaff. De Bauer ass geplënnert, an d’Scheier ass eidel. Et gëtt Hierscht, an d’Mais musse Provisiounen fir de Wanter maachen. Se schaffen all mat, just de Frederick net. Aplaz Fruucht, Mais, Nëss a Friichten am Lach an der Mauer unzeheefen, sëtzt de Frederick do an dreemt. Di aner Mais froen hien “Ma wat méchs du do, aplaz eis ze hëllefen?”, mee seng Äntweren bleiwen rätselhaft. Hien sammelt schéi Faarwen, Sonn a schéi Wierder fir déi laang Wanterowenter; hie gëtt zu engem, deen aus dem Näischt Freed a Schéines erbäi zauberen kann… hien ass e richtegen Artist!

D’Compagnie du Grand Boube huet dem Leo Lionni seng Billergeschicht Frederick fräi als Musektheater adaptéiert.
Eng Schauspillerin erzielt d’Geschicht mat Objeten a mat Schietprojektiounen. E Pianist an e Violonist begleeden si dobäi an interpretéieren déi 27. Sonat vum Mozart.


Eng Produktioun vun der Compagnie du Grand Boube a Koproduktioun mam CAPE – Centre des Arts Pluriels Ettelbruck, mam Théâtre Municipal d’Esch-sur-Alzette, a mam Kulturhaus Nidderanven.


 

Source: http://www.plurio.net/5/outputlang,en/eid,948781/agenda.html

0

City: Luxembourg

Publication author

offline 3 weeks

Nic Goedert

0
Comments: 0Publics: 330Registration: 10-04-2018