DËPPCHEN, DËPPCHEN

mf_deppchen_deppchen_01_sven_becker
SLIDE_DeppchenDeppchen-5 (c) Sven Becker

DËPPCHEN, DËPPCHEN

MUSIQUE, CONTE & OBJETS
MUSIK, MÄRCHEN & FIGUREN

09-05-2019
Summary
(Unfortunately this text does not exist in English.)

SCHULVORSTELLUNGEN // CRÈCHES & CYCLE 1
More information
(Unfortunately this text does not exist in English.)

THEATER TRAVERSE

Betsy Dentzer,
Konzept, Erzielung, Requisiten. Misch Feinen, Musek. Milla Trausch, Bléck vu baussen.

“Et wor eemol, an der Tierkei, e jongt Meedchen. Hat huet mat sénger Mamm an enger aarmséileger klenger Hütt gelieft. Enges Dages huet d’Meedchen um Maart e klengt Dëppche kaf. Et huet geliicht… an alle Faarwe vum Reebou. An et war e ganz ganz besonnegt Dëppen…” Op der Bühn: eng Erzielerin, e Museker, allerlee Instrumenter an… eng ganz Rëtsch Dëppercher vun all Zort. No an no ginn dës Dëppercher op an hëllefen d’Geschicht aus der Tierkei z’erzielen. Am zweeten Deel vum Spektakel kréien déi kleng Zuschauer d’Méiglechkeet, selwer aktiv ze ginn: si gi selwer zu ErzielerInnen a kënnen en Deel vun der Geschicht matgestalten! Déi jonk lëtzebuergesch Kompanie Theater Traverse bréngt mam Betsy Dentzer en traditionellt tierkescht Volleksmäerche matt Wieder, Musek an Objeten op d’Bühn.


Eng Produktioun vum Theater Traverse.
Präis vum Kannerjury um Marionettefestival 2016 vun de Rotondes zu Toodler.

 
 

Source: http://www.plurio.net/5/outputlang,en/eid,948762/agenda.html

City: Luxembourg

0

Publication author

offline 2 weeks

Tessy Hansen

0
Comments: 0Publics: 230Registration: 10-04-2018