DP – Demokratesch Partei

DP/FSHCL: Wäert vun der Juegd ënnerstrach. Bei der Entrevue mat der Jeeërfederatioun goung et ë.a. ëm d’Reaktioun vun der DP op de Froebou vun der FSHCL virun de Chamberwalen. Generell ass d’DP sech der Wichtegkeet vun der Juegd a Saache Reguléierung vum Wëldbestand bewosst. Dat gëllt awer och fir d’Preventioun vu Kränkten & Seuchen, den Erhalt vun der Biodiversitéit an de Schutz virum Wëldschued vun der Fauna & Flora, respektiv vun de landwirtschaftleche Kulturen a vum Bësch. Wat d’Bejoe vu Fiiss an déi nei Opdeelung vun de Juegdlousen ugeet, steet d’DP fir eng pragmatesch a praktesch Léisung am Dialog mat de betraffenen Acteuren.D’FSHCL seet Merci fir des Entrevue

Author: https://facebook.com/207705955994426 – Fédération Saint-Hubert des Chasseurs du Grand-Duché de Luxembourg


0

City: Mertzig

Publication author

offline 1 week

Alessandro Carzone

0
Comments: 0Publics: 356Registration: 10-04-2018