Centre national d’Information pour Jeunes CIJ asbl

TIPP n°5: MOBBING AN DER SCHOUL

An der Schoul ass Mobbing ënner Schüler een grousst Thema.

Et schwätzt een vun Mobbing, wann een Schüler vun engem aneren Schüler oder souguer enger ganzer Gruppe belästegt, schikanéiert, beleidegt, erpresst oder erniddregt gëtt. 👬

Am Géigesaz zur kierperlecher Gewalt, hannerléisst Mobbing keng direkt oder offensichtlech Unzeechen, sou dass et fir dem Schüler sein Ëmfeld schwiereg ass dat wouerzehuelen. 🆘

Fäll vun Mobbing kennen oft Méint laang unhalen, an och fatal Konsequenzen fir d’Affer hunn.😣

Wann een riskéiert, zum Affer vun Mobbing ze ginn, ass et wichteg:
– Selbstvertrauen ze weisen
– sech net aschüchteren ze loossen
– Aankontakt mam Mobber ze halen
– haart an daitlesch mam Mobber ze schwätzen, an him “NEE” ze soen
– Hëllef vun Schüler ze verlaangen, déi eventuell dobäi stinn, andeems een se mat hiren Numm uschwätzt.
– Hëllef kann een sech och bei enger Vertrauenspersoun an der Schoul sichen, wéi zum Beispill beim SePAS (Service Psycho-social et d’Accompagnement Scolaires” oder och per Telefon bei der Helpline vum Kanner- an Jugendtelefon (Tel: 116 111). Den Service psy-jeunes vun der Croix-Rouge kann an Fäll vun Mobbing och kontaktéiert ginn. (www.croix-rouge.lu/psy-jeunes)
– bei ganz uergen Fäll, soll am beschten d’Police kontaktéiert gin.

Den Centre Information Jeunes huet an deem Kader een Projet an d’Liewen geruff: LA FORÊT DU RESPECT. 🌳

Wanns du op eng ganz einfach Aart an Weis wëlls zur Entwécklung vun Respekt ënner Jugendlechen wëlls bäidroen, kanns du gären un dësem Projet deelhuelen.

Maach eis eng mail op den info@cij.lu mat dengen Äntwerten op déi 3 Froen, déis du um Site : http://cij.lu/wp-content/uploads/Questionnaire-For%C3%AAt-du-Respect-fran%C3%A7ais-anglais.pdf fënns.

Du kanns dës Froen och beäntwerten wanns du eis an eisen Espace Information Jeunes besichen kennt. Mir sinn op vun Méindes bis Freides vun 13h bis 17h.

Et dauert just 1 Minutte fir des Froen ze beäntwerten. 1 Minutte an ders du aktiv zum Respekt an der Toleranz zweschen Jugendlechen kanns bäidroen.
Gëff och DU zum Ambassadeur du Respect ! 🌈

Mir feeën eis op dech 🙂

#Respect
#StopMobbing
#BeKind

Author: https://facebook.com/194441573983035 – Jonk Piraten


City: kopstal

Publication author

offline 3 days

Ricardo Turo

Comments: 0Publics: 442Registration: 10-04-2018