Deklaratioun vum Jean Asselborn zum Wiener Accord iwwert den Iraneschen Nuklearprogramm

Jean Asselborn an der Chambre
©MAEE

Luxembourg, le 15 mai 2018

Et zielt dat geschwatent Wuert

Här President,

Dir Dammen an Dir Hären Deputéiert,

Vill Politiker an Analysten haten et gefaart, säit dem 8. Mee ass et offiziell: Den US-President Donald Trump huet den Austrëtt vun de Vereenegte Staaten aus dem Atomofkommes mam Iran decidéiert. Frankräich, Däitschland a Groussbritannien an d’EU haten sech staark agesat, dass d’USA net sollten austrieden – ëmsoss.

Wéi dir wësst ass den Accord, deen offiziell Joint Comprehensive Plan of Action oder JCPOA heescht, de 14. Juli 2015 tëscht dem Iran op der enger Säit an de 5 permanente Membere vum UNO-Sécherheetsrot, dat heescht Frankräich, Groussbritannien, d’USA, China a Russland, plus Däitschland an d’EU op der anerer Säit zu Wien ofgeschloss ginn. Wat ass den Haaptobjektiv vum JCPOA? Et ass, ze garantéieren, dass de Nuklear-Energieprogramm vum Iran zivil bleift, dass den Iran also keng Atomwaffe ka produzéieren.

Ech sinn nach ëmmer dovunner iwwerzeegt dass et en gudden Accord ass: en ass staark, nohalteg a verifiabel. Et war e wichtegen a richtege Schrëtt an eng vun de wéinege gudden Nouvellen, déi déi lescht Jore fir de Mëttleren Oste komm sinn.

Dësen Accord, deen am Oktober 2015 a Kraaft getrueden ass, huet gewisen, dass multilateral Diplomatie fonctionnéiere kann, och wann ee muss vill Ausdauer hunn fir esou Resultater ze erreechen. En huet gewisen, dass d’Diplomatie et ka fäerdeg bréngen, gravéierend Problemer um friddleche Wee ze léisen a Konflikter ze verhënneren.

Bilateral hu mir am Kader vun der Ëmsetzung vum JCPOA eis Relatioune mam Iran normaliséiert. Dat heescht net, dass mir d’Bedenke vun den Amerikaner net deelen, wann et em aner Aspekter vun der iranescher Politik geet, wéi d’Mënscherechtssituatioun am Land, dem Iran seng regional Politik an och säi Rakéiteprogramm. Iwwregens huet d’EU méi staark Sanktioune wéi Amerika en place géint den Iran am Beräich vun de Mënscherechter. Den Iran huet eng kloer Verantwortung fir Fridden a Stabilitéit an der Regioun. Kritik un der iranescher Aussepolitik ass duerchaus justifizéiert, huet awer näischt direkt mam JCPOA ze dinn. Di selwecht Trennung mécht Amerika selwer elo och mat Nordkorea: e méiglechen Accord mat deem Land iwwer nuklear Ofrüstung géif aner Problemer, wéi zum Beispill d’Mënscherechtssituatioun am Land a seng Aussen- an Innepolitik allgemeng, net léisen.

Mir gleewe weiderhin un den Engagement an den Dialog mam Iran. D’Politik vum President Rohani, deen d’lescht Joer erëmgewielt ginn ass, bleift déi beschte Chance op Reformen. En Enn vum nuklearen Accord géif virun allem d’Hardliner am Land stäerken.

Ech kann nëmme bedaueren, dass den amerikanesche President virun enger Woch d’Entscheedung annoncéiert huet, aus dem Ofkommes mam Iran erauszeklammen an d’Sanktioune géint dat Land erëm anzeféieren, di mam nukleare Programm zesummenhänken. De President Trump wëll souguer nei Sanktiounen ordonnéieren. Hien schwätzt vun, ech zitéieren, “the highest level of economic sanctions”.

Di Entscheedung ass eigentlech onverantwortlech, wann ee bedenkt, dass d’international Gemeinschaft iwwer 12 Joer laang verhandelt huet, fir 2015 zu deem Accord mam Iran ze kommen. D’Zil war, ass, a bleift, ze garantéieren, dass den Iran keng Atombomm entwéckelt, an esou ze verhënneren, dass et an der Regioun zu enger geféierlecher Proliferatioun vun Atomwaffe kënnt.

Ass et de schlechtsten „Deal“, dee jee gemaach gouf, wéi de President Trump behaapt?

Den US-President huet den „Deal“ am Wahlkampf an zanter sengem Untrëtt am Wäissen Haus ëmmer nees kritiséiert. Et wär een Ofkommes, dat keng effikass Kontroll géif erlaben. Et géif keng Garantien ginn, dass den Iran iergendwann net awer eng Atombomm hätt, esou de President Trump. Am Fong ass et a sengen Aen e schlechten „Deal“, well en zum Héritage vum President Obama gehéiert.

Den Accord ass sécher net perfekt, mee et gëtt keng Alternativ dozou.

Fir eng nuklear Waff ze bauen, brauch een ugeräicherten Uranium; a fir deen hierzestellen, brauch ee speziell Zentrifugen. Den Iran huet dës Unzuel u Maschinne vun 19.000 op 5.060 aktiv Zentrifuge misste limitéieren. Den Uranium dierf och just nach op 3,67 Prozent ugeräichert ginn: héich genuch fir an Atomkraaftwierker ze benotzen a Stroum ze produzéieren, mee wesentlech ze niddreg fir eng Atombomm ze bauen; dofir misst een en op 90 Prozent uräicheren.

Donieft huet den Iran den Uranium, dee méi héich ugeräichert war, zu engem groussen Deel missen eliminéieren. All dës Mesurë gi vun der internationaler Atomenergie-Agence AIEA observéiert a kontrolléiert. D’Experten huelen Ëmweltprouwen, iwwerwaachen a versigelen dat Atommaterial an analyséiere Milliounen Dokumenter an Informatiounen.

D’AIEA zu Wien huet bis elo all 3 Méint zertifiéiert, dass den Iran sech un all d’Oplage vum Accord hält. Dat huet sie an 11 Rapporte bestätegt. D’Inspektiounen op der Plaz gi bis elo professionell vun der AIEA ausgefouert. Et ass de stäerksten Atom-Inspektiouns-Regime op der Welt. D’Experte vun der AIEA hunn och di rezent Beschëllegunge vum israelesche Premierminister Netanyahu kloer zeréckgewisen. Den Iran strieft haut net méi no Atomwaffen, dank dem Accord vun 2015.

Et ass wouer, dass de JCPOA verschidde Klausele beinhalt, di zäitlech begrenzt sinn. Dat sinn di sougenannt „sunset clauses“. Eenzelner lafen 2025 aus. Mee den Accord garantéiert, dass d’AIEA bis 2040 verstäerkt Kontrollen duerchféiere kann.

Dank dem Accord an dem Ophiewe vun de Sanktioune géint den Iran wollte mir wirtschaftlech eppes opbaue mat den Iraner. D’Iddi war och iwwert dee Wee e gewëssenen Drock ausüben ze kënnen op di iranesch Aussepolitik, mat där een zum jëtzegen Zäitpunkt selbstverständlech net zefridde ka sinn.

D’EU wëllt och weiderhin zu dësem Accord stoen. Et ass wichteg dem Iran d’Signal ze ginn, dass et fatal wier, wann d’Land nees domat ufänke géif Uranium unzeräicheren. Europa muss elo zesumme stoen an domadder och déi moderat Kräften zu Teheran ënnerstëtzen.

D’Decisioun vum US-President ass op vill Kritik gestouss, net nëmmen an Europa, mee an der ganzer Welt. Di Decisioun ass net gutt fir d’Stabilitéit am Mëttleren Osten a fir de Fridden op der Welt. Hei ass liichtfankeg argumentéiert an decidéiert ginn, ouni Récksiicht op d’Fakten an op d’Konsequenzen.

D’Aféierung vun US-Sanktioune riskéiert eng ganz negativ Signalwierkung ze hunn och fir di wirtschaftlech Bezéiungen, di Europa am Kader vum Ofkommes mam Iran relancéiert huet.

Dat d’USA hiren eegene Wee ginn, dat muss een am Endeffekt acceptéieren. De Risiko besteet awer, dass d’EU duerch dem amerikanesche President sengem Handele mat neie Gefore konfrontéiert gëtt. Well mëttelfristeg kéinten, am Fall wou den Iran e militäreschen Atomprogramm géif entwéckelen, iranesch Missilen Europa menacéieren. D’Vereenegt Staaten si vill méi wäit ewech.

Et muss also alles gemaach ginn, fir dass de nuklearen „Deal“ net zerbrécht, dat och am Interêt vun der Sécherheet vu ronn 500 Milliounen Europäer.

Wann d’USA aus dem Ofkommes erausklammen a vu neien amerikanesche Sanktioune schwätzen, ass dat eng Saach. D’US-Autoritéite kënnen awer Europa net soen, wat ze maachen ass. Sekundär US-Sanktiounen, déi extraterritorial wierken, an europäesch Firme géife penaliséieren, sinn inakzeptabel. Et ass och eng Fro vun europäescher Souveränitéit.    

D’EU muss elo weider zesummenhalen a sech geschlossen hannert den Accord stellen, och fir seng wirtschaftlech Interêten ze verdeedegen, jiddefalls et ze versichen.

Ech war déi leschte Kéier am Februar 2017 am Iran, fir d’drëtt zënter 2014. Eng Wirtschaftsmissioun ënnert dem Etienne Schneider war am Oktober 2016 do an den Här Chamberpresident am Januar 2016.

Wärend menger leschter Visitt zu Teheran hu mir mam Iran en Traité ënnerschriwwen, fir eis gemeinsam Investissementer ze fërderen an ze schützen an esou eise bilateralen Handel ze stäerken.

Wéi ech scho gesot hunn, geet et hei drëm, déi politesch an ekonomesch Relatioune mam Iran ze normaliséieren, an domadder d’Politik vun der Ouverture vum President Rohani ze ënnerstëtzen.

Wat kann den Impakt si vun der Decisioun vum 8. Mee op d’Regioun, op Europa, an op Lëtzebuerg?

Den Accord ass net dout, mee en ass sécher fragiliséiert. Dozou wëll ech just bemierken, dass de nuklearen Accord mam Iran an der Resolutioun 2231 vum UNO-Sécherheetsrot vun 2015 verankert ass. Den US-President ka villes, awer net eng Resolutioun vum Conseil de sécurité ausser Kraaft setzen. Den Accord iwwert dem Iran säin Nuklearprogramm ass net e bilateralen Accord. E gehéiert net engem Land, an e Land kann net unilateral deen Accord opléisen. Et muss een et ënnersträichen: den Accord gehéiert der internationaler Gemeinschaft. An deem Sënn ass a bleift den Accord e wichtege Baustee fir d’Non-prolifération, fir d’Sécherheet vun Europa an doriwwer eraus. Et soll een och seng Bedeitung gesinn am Zesummenhang mat de Beméiungen, fir d’koreanesch Hallefinsel fräi vun Atomwaffen ze maachen.

Och wann d’USA elo erausgeklomme sinn, wëllen sech Däitschland, Frankräich, Groussbritannien an d’EU insgesamt weiderhin zesumme mam Iran fir de Respekt vum Ofkommes asetzen. Dozou gehéieren och wirtschaftlech Virdeeler fir dat iranescht Vollek, déi mam Accord verknäppt sinn.

Haut treffen sech d’Ausseministere vun den „E3“, Däitschland, Frankräich a Groussbritannien, zesumme mam iraneschen Ausseminister Javad Zarif zu Bréissel bei der Haute Représentante vun der EU, Federica Mogherini.

Muer den Owend wäerten d’Membere vum Conseil européen bei hirem informellen Dîner zu Sofia iwwer weider Schrëtt beroden.

Wat kann d’EU maachen?

Mir ruffen den Iran op, sech weider un den Accord ze halen. Soulaang den Iran sech un den „Deal“ hält, hale mir eis och drun. Dee Message ass ganz kloer, an ech hoffen, dass di moderat Kräften zu Teheran em de President Rohani och dee Message verstinn a sech fir den Erhalt vun der Substanz vum Accord a vu sengen ekonomeschen Dividenden asetzen.

D’EU muss elo mat Teheran verhandele fir d’Ëmsetze vum Atomaccord och ouni d’USA ze garantéieren.

Fir den Iran wirtschaftlech bei der Staang ze halen, misst d’EU e wirtschaftleche Pak opstellen, an deem vill vun den Virdeeler vum JCPOA fir den Iran weider bestinn. Dëst wier kruzial, fir di moderéiert Kräften am Iran déi néideg Elementer ze ginn fir intern géint en Exit ze argumentéieren an d’Kontinuitéit an der Ëmsetzung vum Accord ze garantéieren. Fir dem Iran seng Regierung ass den Handel mat der EU entscheedend, fir am Accord ze bleiwen.

Do gesäit een, wéi wichteg d’Roll vun der EU als Handelsakteur ass.

Moossname kéinten elo geholl ginn, fir den europäesche Betriber a Banken déi néideg Confiance ze ginn a se virun US-Sanktiounen ze protegéieren. Ech kann hei e puer Iddien nennen:

Eis Operateure brauchen objektiv Garantien, dass se net vun den amerikaneschen Autoritéite bestrooft gi wann se mam Iran handelen. Eis Aarbecht ass et, hinnen sou gutt wéi méiglech bei der Sich vun dëse Garantien ze hëllefen. Dat ass virun allem wichteg fir Betriber aus dem Mëttelstand, fir déi et vill méi schwéier ass, d’amerikanesch Sanktiounen, déi extrem komplex sinn, ze interpretéieren.

D’EU an di eenzel Memberstaaten kéinten hëllefen, andeems si hiren eegenen Interpretatiounskader schafen. An dësem Kontext hunn ech vun enger EU-Lizenz geschwat, déi beschreiwe géif, wat méiglech ass a wat net. Betriber géifen doduerch eng Rei Garantië vun eis kréien. Dobäi wier et wichteg, dass d’EU am Dialog mat den Amerikaner géif bleiwe.

D’EU kéint spezifesch europäesch Energiebetriber schützen, déi Ueleg a Gas am Iran kafen. Dës Geschäfter kéinten an Euro ofgewéckelt ginn, well jo elo gläich den Dollar net méi dierf gebraucht ginn a kommerziellen Transaktioune mam Iran. E Betrib wéi Total zum Beispill huet massiv Investissementer virgesinn, fir e Gasfeld am Iran ze exploitéieren.

D’EU kéint méi Infrastrukturprojeten am Iran ënnerstëtzen.

Eng aner Mesure wier, dass d’Banque européenne d’investissement, d’BEI hei zu Lëtzebuerg kéint aktiv ginn, fir Projeten am Iran ze finanzéieren.

Wéi eng Konsequenzen di amerikanesch Decisioun spezifesch fir Lëtzebuerger Betriber wäert hunn, déi am Iran aktiv sinn, wéi Cargolux a Paul Wurth zum Beispill, kann een elo nach net ofgesinn. Dass Villes méi komplizéiert gëtt wéi virdrun, ass sécher. Mee mir wäerten eis op jiddwer Fall fir eis Betriber asetzen, zesumme mat onsen europäesche Partner.

Lëtzebuerg wäert sech weiderhi mat sengen EU-Partner fir den Accord engagéieren a fir eng gemeinsam a kohärent EU-Positioun asetzen.

 

Ech soen Iech Merci.

Source: https://gouvernement.lu/fr/actualites/toutes_actualites.gouv_maee%2Blb%2Bactualites%2Barticles%2B2018%2B05-mai%2BJA-accord-de-Vienne.html

0

Publication author

offline 6 days

Diego Carro

0
Comments: 0Publics: 434Registration: 10-04-2018